Den 17. November 2021 huet Minimiez dës aarm Mausi opgehol. Si war ugestouss gi vun engem Auto an hat vill Peng. Eng leif Tatta huet se fonnt an bei den veterinär bruet,well se an engem schlechten Zoustand war.
De Kieffer ass gebrach an d’Sehverméigen gestéiert. D’Doktesch huet an enger Nout-Op en Droht an den Kiefer angesat ,deen an 2 wochen nees an enger Op erneiert muss ginn. Alleng iessen kann se net an muss dofir gehollef kreien all puer Stonnen. Et ass eng brav an leiw Maischen an frouh,dat iwerliewt ze hunn an léisst sech och brav behandelen. Well se sech net vill bewegt, geet se sech och oft verstoppen an muss do gehollef kreien.
Mir hoffen dass alles gudd verheelt.