Yuki & Nuskel / Ina & Mimi)

Den 24. Abrëll 2020 kruten Minimiez 3 kleng Fündlinge (Ina, Nuskel an Yuki) gemellt aus der Gemeng Wahl. Leider ass op der Wëldkamera keng Mamm opgetaucht, esou datt di Kleng leider alleng missten opgehol ginn. Wei se fonnt ginn sinn, haaten se e Gewicht tëscht 306 an 350 Gramm. Dir fannt och eng Foto mat der Gewichtstabell :-). Di Kleng kruten direkt de Biberon. Se haaten groussem Honger.

Kuerz drop koum na eng 4. Miez dobai, d’Mimi. D’Mimi gouf zu Boevange Attert fonnt. Och bei him war den Honger ganz grouss, d’Pflegemama sot et wier e klengen Schreihals.:-D . Gewiicht war bei 326 Gramm.

Di 4 Babien drénken gudd an sinn monter. Wann se dann mol Paus maachen an Bäichis gudd gefëllt sinn, geneissen si et zesummen ze kuschelen a schlofen ganz vill.

Update: D’Mimi & Ina sinn den 2. Juli geplennert an den Nuskel an Juki (nN: Moon an Newton) den 5.Juli