Eis MINIMIEZEN ginn EMMER ZU ZWEE VERMËTTELT.
No der zweeter Impfung also mat ongeféier 12 bis 14 Wochen, ofhängeg vun hirem Entwécklungsstand kennen sie an hier nei Familljen.


Eis Neizougäng sinn nach net fräi fir ze vermëttelen
a kennen och net reservéiert ginn.


Butzen freeën sech wa si mat hiren Geschwëster oder aneren Butzen spille kennen. Wa si bemol eleng wieren, hier Mamma feelt hinnen, an dann och nach Spillkollegen fort, si wieren ganz aleng … E Schock vir déi Kleng.

Kee méi do dee mat hinne an hirer Sprooch “schwätze” kann, kee méi dee mat hinne rolzt a rennt. Kee méi deen si alles dat leiert wat sie am Ëmgang mat anere Kaze nach musse leieren.

Kazebabien sin voller Energie an si brauchen en Aartgerechten Spillkolleg de mat hinnen an hirer Sproch kommunizéiert.
Et gëtt näischt méi Schéines wei klengen Kazen beim spillen a kuschelen nozekucken.

Och een Hond, Kanéngchen oder soss een Deier ass keen Ersatz.
Dofir gëtt et keen “AWER” an keng Ausnam.

Eis kleng Miezen ginn nëmmen zu Zwee vermëttelt.
Sollt emol eng eenzel Miez iwwreg bleiwen, siche mir vir si eng Famill wou schonn eng jonk Kaz do ass.