Hëllefen

Wéi kann ech der Mini-Miez ASBL hëllefen?

Léiw Kazefrëndin, Léiwe Kazefrënn, mir soen Iech Merci dass dir Mini-Miez ASBL ënnerstëtzen wëllt. All Suen déi mir kréien vir Memberskaarten, Spenden, Verkeef oder bei Veranstaltungen fléissen zu 100% an d’Hëllef vir eis Katzen.


Memberschaft

Je méi Memberen onse Veräin huet, desto méi kenne mir vir Kaze maachen an organiséieren. Duerch är Memberskaart kennt dir eis alldeeglech Aarbecht förderen an ënnerstëtzen.

Hei kennt dir Ierch aschreiwen

Spenden & Patenschaften

Mir verstinn är Spent als en Optrag un eis vir klenge Kazen an Nout ze hëllefen!

Dir kennt eis ënnerstëtzen mat enger eemoleger Spent oder andeems Dir eng Patenschaft vir eng vun eisen Miezen iwwerhuelt. Och Fudder an Sachspenden sinn wëllkomm.

Mat enger Patenschaft vu Mini-Miez ënnerstëtzt dir eis laangfristeg bei eise Beméiungen zum Wuel vun de Katzen.

Vill Babykazen ginn all Joer ausgesat, verléieren hier Mamm duerch Accidenter oder ginn vun hiren Mammen zeréckgelooss. Mini-Miez hellt vill vun dësen Deieren ob, fleegt an heegt se, a versicht si, no deenen néidegen Ënnersichungen an Impfungen, un gëeegent Persounen ze vermëttelen. Leider kennen aus verschiddene Grënn net all des Katzen schnell vermëttelt ginn. Mini-Miez këmmert sech dann soulaang wei néideg em des Deieren.

Mat enger Patenschaft kennt dir eis hëllefen dat och fir des Deieren beschtméiglech gesuergt ka ginn, dass si Kastréiert, regelméisseg Geimpft a Medizinesch versuergt kenne ginn.

Hei kennt dir Ierch aschreiwen

Fleegefamill

Als Fleegefamill suergt een vir eng Aartgerecht Ënnerbréngung vun de Miezen, këmmert sech em hier Ernierung, Veterinärsbesich an Sozialiséierung bis zu hirer Adoptioun. Alleng de Comité vun Minimiez këmmert sech em Vermëttlung vun de Bubien.

Hei kennt dir Ierch aschreiwen