Patenschaften: wéi funktionéiert dat ?

All Miez dei bei eis opgeholl gëtt, brauch vill Fleeg déi si natierlech och vun eis kritt. Mä si muss och gefiddert ginn an et kommen och vill Veterinär’s Käschten ob eis duer. Dofir brauche mir äer Hëllef. Als Paten hëlleft een hinnen andeems en hinnen pro Mount en Montant op den Minimiezkonto mam Vermierk ‘Patenschaft’ an mam Numm vum Deier iwerweist an/ oder Fudder, Spillsaachen asw schéckt. De Numm vum Kätzchen wielt d’Fleegefamill. Familjen dei se herno adopteieren, lossen hinnen hiren Numm oder sichen hinnen een neien Numm.

Natierlech gitt dir wärend der Patenschaft mat Fotoen an Berichter iwwert äre Giedelchen oder ären Pätterchen um Lafende gehalen. Patenschaft hellt en Enn , wann d’Butzen an hier Famill ginn. Patenschaft kann natierlech dono och ob aner Butzen iwwerdroe ginn.

Hei kennt dir iech aschreiwen wann dir Eis wëllt eng Spent zoukomme loossen oder eng Patenschaft iwerhuelen, och Saach a Fudderspenden si wëllkomm.

    Spent emoleg oder ennerstëtzt eis mei laangfristeg mat enger Patenschaft!