Iwwer Eis

Sollt der emol e verloossent Kätzchen oder eng Kazemamm ouni Doheem fannen, LOOSST SE NET EINFACH ZERÉCK, HËLLEFT HINNEN.
Dir kennt iech bei eis mellen, mir versichen déi bescht méiglech Léisung ze fannen fir hinnen ze hëllefen.

Wien sinn mir ?

Eis Websäit adress ass: https://minimiez.lu.

Mir sinn e Grupp vun Benevollen, grouss Frënn vun de Katzen, déi sech zesummefonnt hunn vir de Katzen ze Hëllefen, haaptsächlech de Babykatzen déi hier Mamm verluer hunn, ongewollt oder ausgesat sinn, souwéi den trächtegen Katzen ouni doheem oder vun Persounen déi mat dem Obzeien iwwerfuerdert sinn.

All Miezen déi fonnt ginn, oder eis bruecht ginn, ginn schnellst méiglech vun engem Déierendokter ënnersicht, géint Parasitten an Ongezéifer behandelt an ob eventuell bestoend Katzekrankheeten oder Viren getest.

D’Miezen ginn ënner beschtméiglechen Bedingungen vun eis behandelt a groussgezunn.  Ab engem Gewiicht vun ongeféier 800 Gramm  ginn si
fir’d éischt geimpft an 4 Wochen dono kréien si nach eng Widderhuelungsimpfung. Dono ginn si dann, ëmmer zu zwee un ausgesichten Famillen vermëttelt

Ons’t Ziel ass erreecht an eis Aarbecht mat de Miezercher dann eréischt eriwwer wa mir fir si e gutt Doheem fonnt hunn, si eng Famill fonnt hunn déi sech gutt em si këmmert.

De Verwaltungsrot vun Mini-Miez ASBL

Mir sinn normalerweis erreechbar tëschent 10h00 an 18h00
Eisen Telefon ass net dauernd besat, schreift eis eng SMS
wann dir net un eis kommt.
Am Noutfall kontaktéiert w.e.g den nächsten Veterinär

Denise HENGEL-FRANZEN – Präsidentin – Vermettlungen
(+352) 691 157 892

Gilbert HENGEL – Késsier, Sekretär
(+352) 621 326 298

Malou JACOB-CRAEYE – Minimiez Buttek
(+352) 661 110 664

Danièle ALBERT – Internetsäit & Patenschaften

Marie-Rose MACRI – Member vum Verwaltungsrot

Claudine LUTTY-SIMON – Patenschaften

Dateschutz

Waat vir eng Date gin gesammelt, a wei maache mir daat ?

Wann Visiteuren ob eiser Websäit kommentéieren oder hier Donnéeë hannerloossen, da ginn des Angaben zesummen mat der IP Adress an dem benotzten Browser gespäichert vir Spam ze vermeiden.

Méiglecherweis gëtt dem Internetdéngscht Gravatar eng anonymiséiert Zeechefolleg,  déi aus ärer Email-Adress erstallt  gëtt (och Hash genannt),
zur Verfügung gestallt, vir ze kontrolléieren ob des nach gülteg ass. Dateschutzrichtlinnen vun dësem Déngscht fannt dir hei: https://automattic/privacy/.

Medien

Wann dir Biller ob eis Websäit eropluet, sollt dir dëst ouni ageschlossen Ortsdaten (EXIF GPS) maachen. Besicher vun eiser Websäit kinnten sos Standortdaten aus de Biller ob eiser Websäit eroflueden an ausliesen.

Verschidden Texter an Artikelen ob dëser Websäit enthalen verlinkten Inhalter(zb. Videoen,Biller,Artikelen asw.). Des Inhalter verhalen sech genau esou, wei wann de Besicher déi verlinkten Websäit besicht hätt.
Des Websäiten kënnen Daten iwwert Iech sammelen , Cookien benotzen oder är Interaktiounen mat dësen Inhalter iwwerwaachen.

Kontaktformularen

Wann dir e Komentar ob eiser Websäit hannerloosst, kennt dir ären Numm,är E-Mail Adress an är Websäit an engem “Cookie” späicheren.
Des déngt ärer Bequemlechkeet, vir net mussen des Angaben frësch anzeginn wann dir eis nach emol e Komentar schéckt.
Des “Cookien” halen een Joer.

Wei laang späichere mir des Daten ?

Wann dir e Kommentar ob eiser Websäit hannerloosst, bleiwen dëse Kommentar an seng Metadaten ob onbestëmmten Zäit erhalen.
Sou kenne mir nofollegend Kommentaren automatesch erkennen a fräiginn. Dir kennt och vun eis verlaangen all vun eis gespäichert persounebezunn Daten ze läschen. Dëst gëllt net vir Daten déi mir aus administrativen, rechtlechen  oder Sécherheetsgrënn hale mussen.

Mat wiem deele mir Är Daten ?

Besicherkommentarer kënnen iwwert en automateschen Spamerkennungsdéngscht iwwerpréift ginn.