Miezefamill vu Beetebuerg – Lilly a séng Kennecher

Den 18. Juni  krut Minimiez en Uruff, datt an der Wies bei enger Maison Relais eng Kaz gejéngert hätt. Trotz dass mir op der Grenz ukomm waren mat der Opnahm vun Kazen, konnte mir net neen soen nodeems mir dann nach gezielt kruten,  datt d’Kaz emmer rem verstouss gouf.

D’Nadja, d’Pflegemammi ass se sichen gangen an huet se bei sech opgehol. D’Kanner aus der Maison Relais haten dëst natierlech alles matkrut a hunn gespaant bei hiren Educateuren nogefrot wéi et der Miezefamill geet. Si kréien regelméisseg Neiegkeeten vun de Miezen. E ganz schéine Projet war dou, wéi si ganz äiffreg a begeeschtert zesummen fir Nimm ofstëmmen konnten fir di Kléng 🙂 .

D’Wahl ass gefall op: Oreo (Schwarz) / Haily (Schwarz) / Winnie (getigert) / Tigrou (getigert).

Hir léif Mammchen heescht Lilly. Si këmmert sech ganz gutt em hir Kléng. Fäert just aaner Kazen.

D’ganz Famill ass wuel op a mir freeën eis, zesummen mat der Maison Relais, ze gesinn wéi se zesummen grouss ginn.

Haut den 2. Oktober plennert d’Mama Lilly als Eenzelprinzessin  bei séng Famill.

 Séng Tiger-Babien Winnie an Tigrou plenneren den 13. September an di 2 schwaarz Babien Oreo an Haily (nei Nimm Simba an Nala) den 10. September.

Fotoen