Milky & Schocky

Milky :

De Méindeg Owend, 26. August krut Minimiez e Noutfall vun der Alpa gemellt an huet e léiwe Fläschebaby vun 2 Wochen opgehol. De Baby kennt vun engem Camping.

En hat grad mol 110 gramm, war deshydréiert an ennerernägrt. Mëttlerweil dank der stonneweiser Fidderung a Léift vun der Pfleegemammchen weiht en 140 Gramm, Tendenz steigend.

Eis Fläschebaby Milky ass e Kämpfer 🙂

Oktober : Et geet him mëttlerweil wonnerbar. En rollzt a spillt mat sénge Kollegen an der Pflegefamill.

Schocky:

De Schocky gouf den 18. September fonnt an koum dou bei d’Nadja. De Schocky fällt besonnesch op duerch säin wonnerschéinen laangen Pelz. Mam Iessen war hien am Ufank bessi mi kriddeleg. Trotz lauter Portiounen huet him dovun net alles zougesot 😀

Oktober: Him geet et ganz gudd. Den Schocky ass frouh fir kennen weiderhin mat séngem Kumpel Milky zesummen ze bleiwen.

Den 10. November sinnn di 2 Léiwer an hir Famill geplënnert. Fotoen dovunner kommen nach 🙂