Den 24. März krute mir dës 2 léif Miezen dobäi. Di 2 haten e richtegen Schutzengel. Se goufen um Fridhaff op engem Tipp fonnt. Hir Mamm war leider emkomm. Laurie ass se direkt mat senger Schwester siche gefuer an huet di kleng bei d‘Kazemama Twixi geluecht. Wei een op de Fotoen erkennt huet Twixi se direkt ugehol:). Dat huet eis all natierlech immens gefreet. Elo war de Bumblebee och keen Eenzelkand méi.

Update: D‘Mira an Mephista sinn reservéiert.

Ankunft vum Mira an Mephisto