Benny & Sizu

Update 24.09.23:

Deenen 2 geet et gutt an si hunn sech un di nei Situatioun gewinnt.

Se sinn monter an spillen/ rollzen vill mateneen.


Update 18.09.23:

Haut war den Dag vun der Op bei deenen 2. D‘Sizu huet leider och missten een Aan rausgehol kreien. Alles duerch deen schlemmen Kazenschnapp 😿

Se brauchen elo hir Zäit sech un di nei Situatioun ze winnen. Fir den Benny ass et net einfach.:-(

Hire Pelz wiisst rem no an den 26.09 kreien se d‘fiedem gezunn.


Update 12.09.23:

Leider sinn dem Benny séng Aan ganz zerstéiert an mussen rausoperéiert ginn. Beim Sizu ass et nach net grad sou schlemm, hatt kritt weider Drëpsen an d‘Aan.
Den Benny kennt et net anescht an orienteiert sech mat sengen aneren Sënner an um Sizu. Fir heen soll neischt vill verreckelt gin, well en seng Weer leiert an heen get och mat sengem Handicap eng glecklech Katz.
Dei 2 dirfen just nie Ausgang kreien, an eng roueg Famille fannen,wat jo verständlech as. Hoffentlech get et och eng Famille wou dei 2 herno mat vill Leift bei sech ophellt.
Lo gin se mol nach en puer Wochen bei ons gudd geschmuselt😻
Virun en puer Joer haten mer Nala vermettelt,wat och blann gin as an en glecklecht Liewen zesummen mat sengem Bruder an hirer leiwer Famille feieren.

Den 5. September 2023 krut Minimiez Neizougang. Des 2 kleng mat schlemmem Katzenschnapp koumen en Sonden an eis Pflegefamille. Wei se font goufen, huet en Här op enger Ausstellung/Braderie just dei roud matgeholl .
Mam Asatz vun Een Herz fir Streuner an der Hellef vun der Police huet den Här deen klengen dunn iwerginn. Een Herz fir Streuner huet en an Pflegestell vun Minimiez zesummen mat dem getigregten Meedchen gin.
Den Kuederchen Benny as an kenger gudder Verfassung. Bedingt durch den Katzenschnapp sin seng Aen schon ziemlech ungegraff an et as ze hoffen dass se gerett kennen gin. Den Benny war och op Ennertemperatur an Ennergewicht an hätt et net mei lang gepackt. Dank dem Mara ,wat sech gud em en gekemmert huet an dei 2 gudd warm gehalen huet,war en den Dag drop net mei sou lethargesch an schon en bessi mei fit. Heen muss all 2 Stonnen den biberon kreien fir rem kennen opzehuelen. Kritt Antibiotiken asw an seng Aen mussen gudd versuergt gin. Et as nach net gepackt,mee en as schon vill besser wei den eischten Dag.
Mara mecht alles wat et kann fir dass dei 2 et packen.
Den ganzen Sonden waren een Herz fir Streuner an Minimiez um kucken fir eng Leisung ze fannen. Well Mara op der Metteschicht war an och mir all mat den Minimiezen voll an der Arbecht,haten mir Madame dei eis an Streuner kontakteiert hat,gefrot ob si se keint vum Norden an den Minett brengen ,mee dat wollt si net ! Sou dass Streuner se dunn vum Minett an Eisleck rop sichen gangen waren.
As schon traureg dass et den Leit an eisem souuuuuu groussen Ländchen den Wee vun A op Z zum wuel vun den Deieren dann awer nach zevill as 🙁 an och dei vum Deierenschutz machen dat benevole!