Minie & Mietzi

Minimiez huet den 27. Oktober dës zwee léif Miezen opgehol. D‘Besëtzer hunn se schwéiren Herzens missten ofginn wéint engem Hausbrand wou si an eng Noutsituatioun komm sinn.

Di Kleng sinn elo beim Carole a Pfleeg. Si sinn ongeféier 6 Wochen al. Et geet hinne gudd.