De 27. Januar 2021 huet Minimiez Neizougang krut.

5 Miezen vu 6 Méint goufen bei enger Kastraaktioun mat Alpa agefang fir kastréiert ze ginn a koumen dono bei d‘Laurence a Pfleeg well se net mi gefiddert ginn op der plaz wou se hirkommen.

Si färten nach vill an loossen sech ongär upaaken. D‘pfleegefamill kuckt dass et hinnen u näischt feelt a versicht mat vill Léift a Gedold hinnen Schrëtt fir Schrëtt mi no ze kommen.

Hir Nimm sinn: Rambo, Zelda, Tigerlilli, Shirkan an Zorro

Update:

Folgend Miezen hunn en Doheem fonnt: Shirkan & Tigerlilli / Zorro & Rambo

Och d‘Zelda konnt zesummen mam Alinka den 23. Abrëll an dat neit Doheem plenneren.