3 schwarz Miezen vu Wentger (genannt no den Flintstones Bam-Bam / Fred / Barny)

Minimiez krut den 9 August 3 nei Miezen vu 4 Wochen. D’Mamm vun hinnen haat nach kee Joer, war iwwerfuerdert an huet se verstouss.

Se koumen mat Gewiichter vun 340 Gramm/319 Gramm/280 Gramm bei Minimiez.

Dee Klengsten freet schon fir ze schmusen, deen Mettleren fennt et ok an dee Gréissten späizt a bäisst.Se iessen ganz gudd hire Bebepaté.

Den 14. August waren se fir en Check beim Dokter. Se sinn all monter a kruten eng Pipett géint Fléih.

Update 15.09.18: De Fred a Barny sinn reservéiert! :). De Bam Bam gett zesummen mam Flip vermettelt