4 Fellecher : Richi, Leo, Laika an Nina

Haut, den 31. Mee, krut Minimiez en Uruff vun enger Madame. Hir Muppen hunn 4 kléng Kazen zu Bartréng vun 3 Wochen entdeckt.

Well di Kléng (1 schwarz-wäiss an 3 gro wäisser) keng Kazemami hunn, ginn se nach opgezunn mam Biberon.

Leider waren d’Fellecher geplot mat Duerchfall an di eng oder aaner huet sech iwwerginn. Beim Dokter konnt festgestallt ginn datt se Giardien hunn.

Den groussen Honger ass do mee duerch d’Giardien huelen si net vill bei.

Update 26.06.2018: D’Nina an de Leo sinn zesummen reservéiert 🙂

Update: D’Nina an de Leo sinn an hir Adoptivfamill, genau sou wéi de Richi an d’Laika (neie Numm: Lucie)