5 well Späitzien

De 4. Juni krut Minimiez 3 vun dese ganz verwelderten Miezen. Et krut een se net all zesummen agefangen…Sou koume nach di 4. Miez de 6. Juni bei eis, an di läscht den 12. Juni. Se sinn fonnt ginn zu Ell.

En Rdv gouf gehol beim Veterinär, deen dem klénge roude Moritz Tolfedine ginn huet géint Féiwer, se kruten all eng Entwurmungskur mat Milbofactor an e Mettel fir d’Fléih ze bekämpfen.

Et gouf festgestallt datt si all den Calicivirus op der Zong hunn, mee se friessen awer gudd an huelen u Gewiicht zou.

Et sinn nach well Butzen, di nach bessen gezähmt mussen ginn mee mir sin zouverlässeg, datt mer dat hinkréien.

Update: De Monk an d’Soraya sinn den 22. Juli an hir nei Famill. De Moritz (neie Numm: Jack) an d’Maya (neie Numm: Leila) sinn den 21. Juli an hir nei Famill. De Max ass Ufank August geplennert bei eng vun eise Pflegefamillen, wou en mat aaneren Miezen zesummen liewen kann 🙂