Bär

Mir kruten den 29. Juni gemellt, datt zu Asselbuer 1 verweldert Kaz mat 5 Kléngen (geschätzt 6-8 Wochen) ronderem leeft bei lauter Gestrüpp.

Seitdeems gouf versicht si mat enger Lebendfalle anzefänken. 1 vun de Babien goufen leider an där Zäit iwwerrannt.

Bis elo konnten 2 Kazen agefangen ginn an d’Mamm . Et sinn also nach 2 do di mussen agefangen ginn.

D’Mamm gouf anzweschen kastréiert a gett lo rem ausgesat fir datt mir di läscht Babien (ouni Mamm sinn se verluer) , hoffentlech och agefang kréien.

Update Enn Juli : Et konnten just den Bär an Grimmel agefaang ginn. Di 2 hunn de Kazenschnapp. D’Grimmel kämpft nawell domater an huet uergen Duerchfall.

Leider huet d’Grimmel de Kampf géint de Kazenschnapp verluer an ass den 30. Juli vun eis gangen.

August 2018: Fir datt de Bär net sou alléng ass, kënnt e Neuankömmling bei hien, den Terence

Update 21/08/18: Den Terence an de Bär sinn reservéiert a wärten geschwenn an hir Forever-Home kenne plenneren.

Update 15/09/18: Den Terence an de Bär sinn des Woch an hir nei Famill geplennert 🙂