Chilli

Des jonk Kaz, geschätzt op 1 Joer, krute mir haut de 9. Abrell.

Si gouf fonnt am Paffendall vum Hygienedéngscht, ausgesat an enger Transportkescht. Et ass eng ganz zoutraulech a verschmuste Kaz.

En Check beim Veterinär gouf direkt duerchgefouert. Si gouf entflouht, entwuermt an ass weder gechipt, nach tatöwéiert.

Zum Gléck gouf si rechtzäiteg fonnt, well den Owend kuerz no 22h00 ass et lass gangen an d’Babien koumen een nom aaneren..D’Mammchen Chilli huet 4 Babien op d’Welt bruecht.

Nimm vun de Butzen: Maya [hell gro mix] / Heidi [getigert] / Picasso [komplett mix] / Charly [rout]

Update 31.05.2018: Dem Chilli (adoptéiert) a séngen Kléngen geet et super. Di Kléng ginn schéi propper op hir Toilette , se rollzen, spillen vill a lieben hiren Paté. De 4. Juni kréien se hir éischt Impfung.

Update: D’Chilli ass den 1. Juli a sain neit Doheem wou et säin Kazeliewen genéisst an engem groussen Haus mat Gaart. D’Maya an d’Heidi (neie Numm: Lilli) , sou wéi d’Picasso (neie Numm: Lily) an den Charly sinn de Weekend vum 15. Juli an hir nei Familljen geplennert. 🙂