Den Charly an d’Julie

De 5. August koumen des 2 léif Minien bei eis .
Di 2 missten ufanks puer mol an Babytoilette gesat ginn, ginn awer lo och schon brav doranner.
Den Charly néizt ab und zu. Dest gett wieder am Aan behalen. Se kréien och nach de Biberon. Soss kann ee soen datt di 2 emmer méi ärdeg ginn

Update 14.08.18: Den Charly an d’Julie haten den 11. August mat Féiwer vun an di 40 Grad an enger bakterieller Mo- Daarmentzündung ze kämpfen. Dest war bedéngt doduerch datt se ze fréih vun der Mamm fort waren an hir Immunsystem dohir net sou gudd ass. Mir haaten extrem Angscht em di 2 datt se kéinte stierwen. Gott sei Dank konnt Schlemmeres verhennert ginn mat Hellef vum Medikament Metacam an Hyperkalorien-räichem Fudder. Méindes war Temperature rem rof op 39 Grad. Julie huet e Gewiicht vun 790 Gramm an de Charly 660 Gramm.

Update 15.09.18: No séngem lange Kampf géint séng schwéier Krankheet mat up and downs, ass de léiwen Charly leider op desem Dag vun eis gangen. Seng Schwesterchen Julie bleiwt an der Pflegefamill wou et sech gudd ageliewt huet an net alleng ass.