Gro Maisercher!

Minimiez krut als Neizougang eng gro Kazefamill.

D’Butzen goufen bei Arel op der Grenz fonnt, ausgesat an enger Köscht an d’Mamm konnt dunn och agefangen ginn.

Well mir déi Zäit bei Minimiez missten e Stopp maachen bei 52 Kazen, hätt den Areler Asyl se en charge gehol. Lo wou mer méi Miezen vermettelen, konnten mir se schluessendlech awer ophuelen. Den Areler Asyl ass neemlech struppelvoll mat Déieren an si hunn leider keng Ufroen fir hir Déieren.

Se befannen sech elo an engen vun eise Pflegefamillen 🙂

Update August: Vun de Klengen, sinn de Fluffy an Loki den 16. August an hir nei Famill gangen. Di lescht 2 ginn den 27. August an hir nei Famill, zesummen mam Archie aus enger aanerer Pflegefamill 🙂