Nala an Rico

Op den 1. Juli kruten mir 2 Babien gemellt vun enger Firma zu Capellen. Se goufen gedeeft op de Numm Nala – KUEDER an Rico 🙂

D’Miezen sinn fonnt ginn tescht Paletten déi bei d’Firma transportéiert goufen. Den Transport koum vun Aarel. Mir ginn dovun aus datt hir Mamm dest als secher Plaz empfond huet fir di Kléng.

Leider war d’Mamm net dobai 🙁 Di Kléng haten nach hir Guckelcher zou.

Si ginn elo opgepeppelt an hirer Pflegefamill an geet hinnen souwait gudd.

Update 05/07/18: Mi spéit vum Dag, hunn d’Miezen schon hir Guckelcher liicht op gehat. Si sinn ganz wibbeleg 🙂

Update Enn Juli: Dem Nala an dem Rico geet et gudd. Si hunn sech gudd entwéckelt, wéi een och op de Fotoen an der Gallerie erkennt 🙂

Update August : Di 2 sinn reservéiert. Hir nei Nimm sinn Bagheera an Filou 🙂