Pepper a Patsy

Eis goufen haut, den 8. August 2 schwarz Miezen vun 3,5 Mount gemellt (Kueder a Mudder) di bei Leit zu Ettelbréck alleng an enger Garage fonnt ginn sinn.

Mir vermuten se goufen ausgesat well se hannert dem Haus waren wou näischt ass a sinn wahrscheinlech an d’Garage gelaaf wéi d’Leit se opgemaach hunn.

Se strotzen vun Energie, klotteren d’Been erop, Spillen mat hire Matbewunner a frupsen gudd.

Update: De Pepper an d’Patsy sinn den 15 September an hir nei Famill 🙂