De 6. Abrell kruten mir dese klénge Butz gemellt. Enner 7 Babien, huet d’Mamm hien leider zréck geloss an et misst schnell gehandelt ginn.

Mat 6 Deeg an 152 Gramm Gewiicht ass de Butzi bei Minimiez komm. Well mir jo de Moment eis getigert Miezemama hunn, hunn mir dou probéiert fir hien do drénken ze loossen. Dest huet deelweils geklappt, awer leider huet hien naicht u Gewiicht beigehol.

Doropshin gett de Baby momentan all 2 Stonnen mam Biberon gefiddert. Mir sinn frou datt hien mettlerweil bei engem Gewiicht vun 184 Gramm ass. Mir sinn voller Hoffnung datt de Kléngen grouss a staark gett.

09.04.2018: Hien nuckelt bei der Mamm an wann en och näicht beihellt, sou ass all Dreps wichteg fir heen an hien kann mat denen getigerten Babien kuschelen.

Nom 23.05.2018: De klénge Mann huet gudd u Gewiicht bei gehol. Mir haten teschenduerch eis Suergen gemaach. En war och vill mat Duerchfall geploot.

28.05.2018: De Pino krut séng éischt Impfung. En huet de ganzen Wee dohin an zeréck gesouert an huet Veterinärin gudd vernannt nom Pieksen De Rappel vun der Impfung ass den 4. Juni.

Update 31.05.2018: Dem Pino geet et gudd. Hien rollzt mat séngen Kameroden an freet sech op séng Famill, an déi e geschwenn, zesummen mam Tommy a Penny, kann plenneren.