Vicky

D’Vicky koum mat sénge schéine groen Babien Ufank Juli bei Minimiez.

Si goufen an enger Kescht ausgesat un der Grenz zu Aarel a koumen vum Aareler Asyl bei Minimiez.
Dem Vicky séng Butzen sinn all reservéiert a mir wieren frou och e scheint Doheem fir hat ze fannen wou et gudd verwinnt gett 🙂


Zu séngem momentanen Charakter:
Vicky ass eng Diva mat wonnerschéinen Guckelcher. Et muss een him e bessen Zäit loossen wann et een nach net kennt.Wann et awer mierkt datt ee léif mat him ass, kennt et och gären schmusen, léisst sech heemelen a verwinnen.
Mat Kaméidi ass et net sou frouh, dofir sollen keng kleng, energievoll Kanner do sinn.
Mat aaneren Kazen verdréit et sech. Henn sinn net séng grouss Frenn; et granzt se un; färt awer net
Mir hoffen gläich him och kennen e gemittlecht a glécklecht Liewen an enger léiwer Famill ze schenken. Et hätt et sou verdéngt..

Update 17.08.18: Mir sinn frou kennen ze verkennegen datt dat gudd Vicky dierf an eng léif Famill mat groussem Haus anzéihen 🙂