Well Calico-Kazemamm Peggy an hir 6 Butzecher

Den 13. Juni goufen eis vun der letzebuergescher Déierschutzliga eng verweldert Kazemamm mat 6 Kléngen vu knapps 3 Wochen gemellt. Miezen kommen vun Saeul.

Den 15. Juni ass d’Miezefamill bei Minimiez komm.

Bei der Pflegefamill ukomm, war di well Kazemamm immens gestresst, ass iwwert d’Schief an alles gerannt.

Mir sinn frou datt eis nei Pflegefamill se konnt direkt ophuelen.

Update nom 22/06/18 : Miezen sinn geplot mat Duerchfall. Den Alex huet e komesche Bauch an d’Jacky well weder d’Fläsch, nach Fleesch. Den Jacky kritt drepseweiss d’Fläsch.

Update 08/07/18: Der Miezefamill geet et gudd. D’Peggy kennt wann séng Kléng et net mi brauchen, op eng Fudderstell vun der Letzebuergescher Déierschutzliga.

Nimm vun de Butzen: [ Alex (Spetznumm:Ricky): wäiss-orange Fell][ Jacky (w) : schwarz-orange-wäiss][ Trixy : wäiss-orange-brong-schwarz][ Archie : wäiss-orange][ Bird : schwarz mat wäiss a brong-schwarz getigert][ Erni : ähnlech wi d’Bird]

Update 08/08/18: Bis op den Ernie an d’Bird sinn des Miezen all reservéiert. Trixie (neie Numm: Winnie) mam Jacky (neie Numm: Sally) ginn de Weekend vum24. August an hir Famill. Den Archie plennert den 25, August a séng nei Famill, zesummen mat 2 groen Miezen aus enger aanerer Pflegefamill.

Update 13/08/18: Och den Ernie an Bird sinn elo reservéiert, zesummen mat hirem neie Kolleg Jay-Jay (aus enger aanerer Pflegefamill) plenneren si demnächst an hir nei Family :). Hir nei Nimm sinn: Fix, Foxi an Fex

Update 15/09/18: Dat schéint Peggy erwaart en harmonescht Liewen. Hatt ass haut op den Haff bei léif Leit komm, wou et kann séng Fräiheet genéissen an sech zesummen mat aaneren Kazen mat enger Fudderstell gudd em et gekemmert gett.