Yoshi, Trixie, Mima, Mira,  Jay-Jay

5 Miezen aus der Diddlénger Schwemm

Des Butzen, geschätzt op 10-15 Deeg, goufen zu Diddléng bei der Schwemm fonnt. Hir Mamm gouf leider iwwerrannt 🙁

Se koumen den 27. Juli bei Minimiez a ginn elo vun hirer Pflegemammi mat der Fläsch opgezunn. Se hunn och schon e bessi un Gewiicht zou geluecht.

14.08.18: Den Jay-Jay ass reservéiert a geet mam Ernie a Bird zesummen wunnen ( Hir nei Nimm sinn Fex, Foxi an Fix )

Och de Yoshi an d’Trixie, sou wéi de Mima an d’Mira ginn, wann de Moment ass, zesummen an hir nei Famill 🙂