Milka & Kisu

Haut den 4. Oktober huet eng vun eise Pflegefamillen des 2 Minimiezen opgehol. Si sinn circa 3 Wochen aal. Eng Fra huet se zu Dikkrech an der Gärtnerei fonnt. Et gouf eng Mammchen net weit dovun iwwerrannt an mir vermuten dass dat hir war. 🙁

07/10: Leider sinn Miezen nach ganz schwach, mee et geet biergop. Se mussen all puer Stonnen gefiddert ginn. Dat getigert Milka hellt duerch vill fidderen lues a lues bei (238 g). Séng Schwesterchen d’Kisu huet schon bessi méi u Gewiicht beigeluecht (325 g).D’Kisu haat Halswéi mee geet him besser. Elo versichen mer nach dem Kazenschnapp Meeschter ze ginn. Den Déierendokter kënnt muer no hinnen kucken.

08/10: Hiren Zoustand ass onverännert. Et ass emmer en Kampf mam fidderen,mee do mussen se durch bis se alleng friessen. Mee Kisu war de mueren nom fidderen op 314 an d’Milka op 235g. Si kreien hir Drepsen an d’Aen. Dat klengt Milka wäscht sech nach net an huet dofir den Schwanz an Patten vun der Toilette verkrustet an ass net frouh wann et propper gemaacht gëtt. Dofir sinn awer Gott sei Dank mol awer bal keng Fléih méi do.

27/10: Deenen 2 geet et sichtlech besser. Hir Aan sinn net mi verpescht an di 2 sinn fit. Et gëtt gefrupst, gereibert a gespillt. No där kritrscher Zäit sinn mi ganz vill frou dass se sech sou gudd entwéckelt hunn. Nei Fotoen sinn ganz ënnen. 🙂

Deenen 2 geet et gesondheetlech gudd. Si hunn et gepackt fir gesond ze ginn wouriwer mir immens frouh sinn.

Den 21.Dezember sinn di 2 bei hir Famill geplennert.