Miezen vu Péiteng – Chocolate & Oreo

Nodeems mir schon den 13. Juni di 3 Kuederchen (Smartie / Twix / MilkyWay) vun enger Mamm opgehol hunn, kommen haut den 17. Juli déi 3 aaner Butzen vun der zweeter Mamm. Di 3 hunn ongeféier 12 Wochen an sinn schon bessi mi grouss Babien 🙂  

Di Fra di se bei sech haat huet sech gutt em si gekëmmert a war emmer ganz besuergt em se. Si haten  e schéine Start an hir Miezeliewen. Bei eis ginn se dann och weiderhin verwinnt.

Iwwregens sinn béid Mammen mëttlerweil steriliséiert a bleiwen bei der Besetzerin.

Update 18/08/19: Et sinn alles Meedecher;) Well d’Bounty méi färterech ass bei deenen aaneren 2, plennert hatt haut bei de Butzi.

Am neien Doheem