De Butzi (alias Phoenix) & d’Bountie

De 25. Juli gouf Minimiez vun engem Här kontaktéiert deen zu Holtz op der Strooss eng kléng Kaz vun ongeféier 8 Wochen fonnt huet. Et gëtt vermut datt se iwwerrannt gouf. D’Beenchen huet rofgehangen. Fir sou schnell wi méiglech dem Butz ze hëllefen, ass den Här dou mat him bei den Vétérinaire zu Réiden gangen. Do ukomm gouf en schon mol entwuermt, entflouht an krut eppes géint Milben. Bei enger Röntgen gouf beim Butz e schwéieren Uewerschenkelbroch op béiden Säiten festgestallt. Et huet en béis erwescht gehat. Bevir di grouss OP konnt gemaach ginn, hunn séng Vitalfunktiounen awer missten an der Rei sinn. En war och nach mat Schnapp geplot. 

Réicht Méindes, den 29. Juli konnt en operéiert ginn. Et huet ee gemierkt dass en wéih hat. Weihen ass am Ufank net gangen wéint der Péng wou en hat. Während deenen 4 Deeg bis zur OP huet et him natierlech u näicht gefeelt.  D’Pflegemami huet him gudd ze frupsen ginn an d’Schmuseeinheiten huet en mat Genoss ugehol an zefridden vun sech hin geschnurrt. Et ass en richteg heemlechen Butz.

Méindes beim Agrëff an der Klinik zu Baschtnech goufen dem Butzi dou op enger Säit Broschen agesat. Hien befënnt sech elo an enger Genesungsphase vun 3 Wochen. Di Zàit muss heen sech schounen am Welpenpark.

Et ass en tapferen klengen Kampftiger 🙂

Eise Butzi gett gudd verpläischtert an begleet d’Pflegemami iwwerall hin. E frupst ganz vill an et geet him lues a lues emmer besser.

05/08: Den Kléngen huet färdeg bruecht, sech de Fuedem rauszezéihen an Broche huet eraus gelusst. Sou datt en nees missen betäubt ginn beim Dok fir d’Broche rem op d’Plaz ze setzen an heen krut Agraffen. Elo muss en an 10 Deeg rem zréck an Kontrolle an der Hoffnung datt dann alles ok ass an heen Broche kann erausgehol kréien.

08/08: Aarme Kléngen blewit net verschount. D’Wonnen waren bal verheelt an elo dréckt awer leider d’Broche op der Plaz an de klénge Butzi muss leider rem bei den Veterinär.

12/08: Kontroll beim Orthopäd. Et geet dem Butzi gudd. Iwwermuer kritt en nomëttes Brosche eraus gehol. Muss awer duerno lues maachen.

18/08: Dem Butzi geet et super. Hien konnt elo och an Buedzemmer plenneren an krut eng Frendin dobai d’Bountie:) Fotoen vun hinnen 2 sinn ennendrenner.

Update: Den 26/08 war d’Bountie beim Dokter fir de Rappel vun der Impfung. Den 16/09 kritt den Butzi dann och nach séng Impfung.

Di zwee Raiber plenneren den 19/09 an hir Famill 🙂

De BUTZI & d’BOUNTIE 🙂

Neuankömmling Bounty