Minimiez krut den 3. Juni e Noutruf datt eng kléng Kaz an engem Rouer ging fest setzen. De Mini sutz fest an engem Rouer vun 8m Déift. D’Pomjeen waren an der Nuecht vum Sonnden schon do, awer se kruten en net raus. Den aarme Baby huet fuerchtbar gekrasch a gejaut. Gott sei Dank koumen di richtegt Leit zur Hellef. Eng vun eise Fleegemamien, d’Nadja, ass direkt dohin gefuer an zesummen mam Claudia hunn mer geziddert a gerätselt wat ennerholl soll ginn. Nadja huet Pompjeen dunn nees geruff an si sinn komm. En aaneren Här, ass mat sénger Kamera zur Hellef komm.

D’Pompjeen hunn alles opgerappt. Während 3 Stonnen hunn Si alles gemaach fir de Mini rauszekréien. Kuerz virun 22h00 kruten Si dou endlech de Mini aus séngem Elend gerett. Et war ganz knapp fir de klénge Mann. 1 Dag méi hätt en et net iwwerliewt. De Wëllen ze liewen war ganz grouss. En ass di lescht Meteren iwwert Kamera ropgeklottert komm. Dank dem immensen Asatz vun all de Leit, konnt de klénge Kämpfer mam Numm Chuck Norris gerett ginn!

Den Chuck Norris war ganz ennerkillt a koum direkt op e Wärmekëssen.

Et geet him lo schon vill besser an en huet sech vu séngen Strapazen gudd erhol.

Update: Den Chuck Norris ass lo zesummen mat séngem Spillkamerod, dem Toffee.

Di 2 Raiberen sinn den 21. Juli zesummen an hir Adoptivfamill geplennert. 🙂

No deem Riesenschock gouf direkt gudd gemampft
Toffee an Mini-Chucky