Dat kléngt Fiby gouf den 18. Mee 2019 mat engem Gewiicht vun just 55 gr a ganz ënnerkillt vu Minimiez opgehol. Bei eis ukomm, koum et direkt ënnert rout Luucht a gouf mat Pudermëllech gefiddert. Nach den Dag drop konnt och séng Mammchen d’Kitty agefangen ginn. Elo sinn di 2 beieneen an de Butz kann  di gudd Mëllech bei sénger Mama drénken. D’Fiby hëllt lues a lues bäi.

Update: Dat butzegt Fiby huet mettlerweil iwwer 200 gr.  Di 2 hunn sech gudd erhol. D’Kitty späitzt a grommelt zwar well se färt, mee beim Frupsen stéiert et se net weider wann Pleegemamm nierwt der Këscht setzt.

17/06/19 D’ Fiby huet séng Aan entzünd an Duerchfall.

19/06/19 Et hat sech erausgestallt datt d’ Fiby mat Wierm geplot war an déi him bal zum Verhängnis ginn sinn. Eng Wuermkur huet dëst Gott sei Dank konnten verhenneren.

D’ Fiby schéngt lues u Gewiicht beizehuelen an ass bessi mi kléng geroden wi aaner Miezen bei Minimiez mee en ass um gudde Wee eng stark Miez ze ginn 🙂

09/07/19 : D’ Fiby huet nach keng 400 gr. An sech ass et esou dass eng Kaz no der Gebuert soll bei 100 gr sinn, d’Fiby hat just 55 gr. De Moment huet et Gewiicht vun enger Kaz vun 4 Wochen. Et ass net ganz vill a mir sinn frou datt et sech nach sou gudd mecht.  Et ass ganz lieweg, spréngt iwwerall hin, drénkt vill  a liebt Bécksen vun Miamor Vital Drink mat Thon an de Baby Paté. 🙂

17/07/19: Den Fiby (neie Numm Tom) an den Jacqui ginn zesummen den 25. September an hir nei Famill

Fotoen

Kitty