Kazemama Schnuffi an séng  Bebéen (Rufus, Nala an Merlin)

Minimiez huet den 3. Mee 2019 eng Kazemamm mat 3 Babien opgehol.

Déi 3-faarweg Mamm war am Ufank ganz misstrauesch, wat och normal ass , si wollt hir Bebéen schützen. Lues a lues gëtt Si awer ëmmer méi zoutraulech.

Et geet hir an hiren Butzen ganz gudd an se huelen all Dag u Gewiicht bei.

Update: Den Rufus (neie Numm: Fridolin) an den Oscar alias Kasimir (schwarz mat wäisse Patten) sinn reservéiert. De Lucky an di wäiss gro Maus sinn och reservéiert.

Mir wënschen eis och e schéint Doheem fir dat léift Schnuffi. Hatt hätt et esou verdéngt nodeems et sech sou gudd em séng Babien gekëmmert huet. Si gëtt op ongeféier 8 Joer geschätzt, gouf steriliséiert, entwurmt, geimpft an Aids- an Leukosetest ass negativ. Wien wëll dem gudde Schnuffi nach e schéint rouegt Liewen bidden?

Eis Minimiezen verlossen eis elo schon fir an hir neit Doheem: De Lucky an d’Nala (alias Stella),  de Rufus (alias Findus) an den Oscar (alias Kasimir), plenneren den 22. Juli. Direkt den Dag drop, op den 23. Juli plenneren dann och de Merlin (alias Nemo) an d’Grimmel (alias Ellie) an hirt Doheem.

Fotoen

Grimmelchen

Wat sinn mir grouss ginn….

Schnuffi is back

Nodeems all d’Babien fort waren, gouf decidéiert datt Schnuffi an der Pflegefamill vu Minimiez bleiwt. Et krut séng Fräiheet zréck an ass an huet sech awer no puer Deeg rem blécken gelooss fir frupsen ze kommen.