LEILA an séng 3 Bebéen (Mikado, Max & Moritz)

Haut, den 19. Februar, si mir ob Rodange gefuer eng MammeMiez sichen di kuerz virdrun hir 3 Klenger kritt huet. 

Si wor e bëssen mat hinnen iwwerfuerdert an huet di Kleng dofir net direkt ugeholl mee géint se gespaut, woufir mir hu missen schnell reagéieren vir kenne beizefidderen falls et sollt néideg ginn.

Zum Gléck huet si et sech um Wee fir Heem am Auto anescht iwwerluecht an huet hir Kleng awer nuckele gelooss.

Lo ka si bei eis zur Rou kommen.

Den 17. Mee 2019 ass d’Leila an séng Famill geplennert.

Den 25. Mee 2019 ass den Barney (virdrun Mikado) an séng Famill geplennert, wou hien sech schon super ageliewt huet wéi een op de Fotoen ennen erkennen kann 🙂

Och den Max & Moritz hunn den 29. Mee zesummen Minimiez verlooss fir bei hir Adoptivfamill ze plënneren.

Fotoen

De Barney (virdrun Mikado) a séngem neien Doheem :

De Max & Moritz an hirem neien Doheem: