Miss Sunny

D’Miss Sunny koum am Alter vun 5-6 Wochen bei Minimiez. Den 19. Abrëll hunn Leit se um Wallendorf-Pont fonnt.

An der Fleegefamill ukomm, huet d’Miss Sunny sech direkt wuel gefillt, gudd gefrupst an gespillt.

Den 8. Mee krut d’Miss Sunny di 1. Impfung, Tester waren all negativ an se huet e Gewiicht vun 1260 gr.

De 7.Juni ass d’Sunny bei séng Adoptivfamill geplënnert wou et direkt gudd Bekanntschaft mat den aanere pelzegen Matbewunner gemaach huet 🙂