Hanni, Nanni & Pinky

Des kleng Miezen vun 6 Wochen hunn mer elo an Pflegefamill bei Carole kritt. Si lungen an enger Heck pletschnass an auserhingert an ënnerkillt an waren iwert den Weekend beim Veterinär um Friedhaff.
Hir Aen sin sou vereetert dass et net secher as ob se herno gesinn oder blann sinn.
Hiren Aids an Leukose Test as negativ an ofgesin vun den Aen si se gesond.

Di 3 Miezecher sinn topfit a klammen a sprangen iwwerall ronderem. Den 19. Oktober war eng Visite fir di Kleng an hir zukünfteg Famill adoptéiert se allen 3 zesummen. Wat e Gléck fir di 3 ? 

Elo geet et lass. D’Koffer sinn souwäit gepaak fir den 7. Dezember well dann ginn di 3 bei hir Adoptivfamill, wou si dann och nei Nimm kréien: Balu, Smoki & Mogli.