Jacqui

Den 3. Juli huet d’Carole, eng vun eise Pflegemamien, leider op e neits missten d’Erfahrung maachen, datt Leit hir Kazen a Kuederen net kastréieren loossen. Eng wöll Mamm huet bei him op der Scheier gejéngert. Et ass eng schéin Schildplatt-Kaz mat engem rouden Baby. Den 2. Baby ass leider gestuerwen. Et gouf intern decidéiert datt mir di 2 iwwer Minimiez ophuelen.

Et ass virgesinn datt spéiderhin  den Fiby an den rouden Baby zesummen vermëttelt ginn. Et sinn och schon Interessenten do mee mir warden nach of well se alle béid nach ze kléng sinn an nach net stabil.

17/07/19: Den Fiby (neie Numm Tom) an den Jacqui ginn zesummen den 25. September an hir nei Famill

Fotoen