Zouzou a séng 3 Butzen (Louise Francis & Bobby)

Eis léift Zouzou koum den 30. Juni bei eis. Di aarm Miez huet an hirem jonken Alter vun grad mol 7 Méint schon vill missten matmaachen. Eng Fra huet se matbruecht aus Rumänien vu Constanta. Do ass se op der Strooss gelaaf an et huet keen no hir gekuckt.

Leider huet der Fra hiren Hond d’Kaz net geduld an Si huet missten eng Léisung fannen, soss hätt Si se emmer missten asperren.

Bei Minimiez ukomm, gouf versicht, Zouzou mat den aaneren Kazen vertraut ze maachen mee dat war him net geheier. Fir him weidere Stress ze verhënneren, krut et dou säin eegent Zëmmer. Et ass immense verschmust a freet sech emmer rem wann een bei et geet fir getriwwelt ze ginn. Spillen mécht et och ganz gären.

De Bäichi gëtt emmer mi déck. Ënn Juli / Ugangs August ass et souwäit an et ass net mi alléng. Dann kommen séng Babien op d’Welt . Mir hoffen dass d’Gebuert gutt verleeft an datt di Kléng et packen. Op alle Fall freen mir eis op de Nowuess vun sou enger härzecher Mammchen. <3

31/07: D’Zouzou mécht et ganz spannend mat séngem Nowuess 🙂 De Bäichi gëtt emmer mi ronn mee d’Babien loossen op sech waarden

04/08: Um fréihe Moien vum Sonndeg ass d’Pflegemami an d’Zëmmer gang vum Zouzou an huet sech gewonnert datt et net wi soss direkt Moien soen komm ass. A kuck do, dou lung d’Zouzou schon am Kierfchen am Schaaf mat séngen Butzen am gangen ze schnurren wi e Weltmeeschter. Laang hu mer gewaart op dem Zouzou séng 3 schéin Babien.

Update 11/09: Der ganzer Kazefamill geet et super. Di kléng wuessen immense schnell a sinn richteg monter. Et gëtt vill getest, geturnt a gespillt.

D’Zouzou hat d’Mandelen wéi an den Ufank vun engem Kazenschnapp. Dëst gouf direkt behandelt. Hatt gëtt den  16/09 steriliséiert a geimpft. Spéiderhin plennert d’Zouzou zesummen mat séngem Meedchen Louise (neie Numm Daisy) an e grousst Haus mat 3 Stäck (e Kazenparadies) bei d’Adoptivfamill.

Mir sichen nach eng passend Famill fir di 2 Kuederchen !

Fotoen

04/08/19 – Di 3 Butzen sinn op d’Welt komm:

12/08/19 Den 1. Baby erbléckt d’Welt

Elo gëtt mol alles nach viirsichtegt erkundegt