Bounty

De Bounty koum den 23. Dezember bei Minimiez nodeems hien sech bei Leit an der Garage verstoppt huet.

Séng Patt hannen lénks ass ganz kromm an de Veterinär huet eng komplizéiert Fraktur um Niveau vun der Artikulatioun festgestallt.  Wahrscheinlech handelt et sech em eng eeler Verletzung oder hien ass mat där Deformatioun op d’Welt komm.

 Den Veterinär huet séng Patt ageschlof. Den Bounty dierf fir 3 Wochen net sprangen a muss séng Patt roueg haalen. Fir eng Brosche dran ze maachen géif sech net lounen seet den Dokter well dëst alles nemmen méi futti géif maachen. Et verheelt alles ganz gudd. Et kann sinn dass Patt e bessi kromm bleiwt mee dat ass kee Probleem .

De Bounty an de Gizmo sinn de 5.Februar an hir neit Doheem geplennert.