Clyde, Bonnie, Pepper, Chilly

Den 8. Juni 2020 huet Minimiez des 4 Butzen opgehol. Eng ganz emgänglech Fra huet wochenlang versicht di Kleng anzefänken op engem Privatterrsin vun 3 Firmen.
Di Kleng sinn do ronderem gelaaf, wat awer ziemlech geféierlech war, well do Camion‘en hiren Bauschutt ofgelueden hunn. Et goufen Faalen a Kameraen installéiert. Di Kleng sinn no an no an d‘Faale gangen.
Elo sinn d‘Miezen an Secherheet. Se sinn nach e bessi scheih mee loossen sech upaaken.

Update: D‘Bonie an de Clyde sinn den 13. Juli an hir Famill geplennert. Den Pepper an den Chilly hunn den 3. August hirt neit Doheem erkundegt.