Kazemama Raya an hir 4 Babien Orella, Or’i, Oreo & O-Neil

Di éischt Miezen fir 2020 sinn do!

Minimiez huet den 19.Januar dës léif Kazefamill gemellt kruut. Mat hiren 3 Joer huet d’Kazemamm schon 3 mol gejängert an de Kueder rennt nach emmer onkastréiert duerch Géigend. Leider konnt en nach net agefangen ginn. Leider rem e Beispill wou eng Famill net no de Kazen gekuckt huet. Eng léif Madam huet d’Kazemamm an hir 4 neigebueren Babien bei sech opgehol an der Mamm mol e gudde Frups ginn.

D’Kazefamill ass elo wuel op a mir sinn frou dass d’Pflegemama Nathalie se kann bei sech an d’Pflege huelen.

Update 09/03/2020:

Den Oreo an d’Orella sinn zesummen reserveiert.

Et mecht eis och immens frou datt d’Kazemama Raya (nN: Sarabi) , Or’i an O-Neil (nN: Nala an Simba) zu 3 zesummen dierfen an hir neit Doheem plenneren.

An 2 Wochen gëtt d’Raya steriliseiert.