Update: Abby an Aria sinn adoptéiert!
Et bleiwen just nach Allegra an den Asterix,dei nach zesummen eng Famille sichen

Dei schein Butzen an der Pflegefamille beim Gaby sichen och eng leif Famille, emmer zu 2 zesummen 🥰
Si hun 3 Meint an sin megaverschmust, geimpft, gechipt an negatif getest op fiv/felv.
Vermettelt gin si mat Schutzvertrag an Schutzgebühr.

Des 4 Tigerbabien sin bei ons komm. Si goufen vun Een Herz fir Streuner asbl angefangen an sin an eiser Pflegefamille.
Si wärten em dei 10 Wochen hun an sin “erstaunlecherweis,fir Katzen vun dobaussen” megazahm . Definitif sin dei doten un Menschenhand gewinnt an ob se ausgesaat do goufen ,dat wärten mer nie gewuer gin.
Den eischten Dag op allenfalls sutzen se schon um Schouss vun der Pflegemama Gaby😻