Dëse léiwe Butz gouf einfach ausgesat am Minett an engem Bësch an enger Decken angeweckelt. Gott sei Dank gouf de Klengen nach rechtzäitech fonnt. Eng léif Madamm huet en per Zoufall fonnt beim Spazeiergang mam Mupp. En gëtt elo mat der Fläsch opgepeppelt an et geet him aktuell gutt.

