Ab dem 1. Juni ass des Miezefamill bei eise Pflegemamm Josiane a Sécherheet.
Eng schéin Schildpattmami hat hier 5 Kitties dobaussen ob Welt bruecht, just vun engem Iwerdach geschützt. Sie goufen entdeckt wou si etwa 4 Wochen al woren.
Sie woren zimmlech kal a konnte mat vill Gedold um Peggy agefaang ginn, a sinn lo mat gutt gefëllte Bäichelcher a Sécherheet.
