Schei Miezemama Bibi mat 5 Babien

T’Bibi koum den 10. Mee mat séngen 5 Babien vun 2-3 Wochen bei Minimiez. Hat gouf geschätzt op en Alter vun ongeféier 10 Méint.

D’Kazefamill ass zu Déifferdéng ronderem gelaf. No langem Hin an Hir kruten leit di Kléng mat enger Lebendfalle agefaangen an d’Mamm ass dou och bei se gangen.

D’Mamm ass nach e wéineg schei no all de Strapazen mee si all befannen sech elo an gudder Ophut bei enger léiwer Pflegefamill zu Bieles.

Elo wou séng Babien vermëttelt sinn, gëtt versicht de Kontakt zum Bibi méi opzebauen an sech mat him ze beschäftegen fir datt et ufänkt de Mënschekontakt ze dulden.

Mir hoffen datt et duerch vill Opmierksamkeet, Gedold a Léiwt, séng  schlecht Erfahrungen mat Menschen kann lues a lues vergiessen an e schéint Kazeliewen kann genéissen ouni Angscht a Suergen a mat ganz vill Schmuseeinheiten an Leckereien 

Update: D’Babien sinn all reservéiert. Di schei Miezemama Bibi ass leider nach Emmer net zahm. Et färt immens an léisst sech net upacken.

Update 15.09.18: No deene Meint wou Bibi mat 10 Meint mat senge Babien koum an déi an hir Familjen sinn, ass dann gescht och dem Bibi seng Zäit ginnm him séng Fräiheet zréck ze ginn. Hatt ass zréck komm an d´Katzenhaus, wou et war, e Luxushaus wéi de Numm et schon seet, dat net vum Propriétaire genotzt gett, mee sech em d´ Miezen gekemmert gett an hinnen gehéiert. Am Wanter gett d´Haus natierlech och gehetzt. D´Dora (Pflegefamill wou d´Bibi war) war sou léif an huet him seng Kraaztonn etc. matginn wou et gewinnt war ze schloofen. Selbstverständlech war d´Bibi operéiert ginn, sou datt hatt sech elo op sech alleng konzentréiere kann an säin Liewen genéisse kann.