3 Bebéen vum Haff

Den 22. Mee gouf Minimiez kontaktéiert fir dës kléng Miezen opzehuelen. Se kommen vun engem Bauerebetrieb. D’Mamm gouf leider iwwerrannt.

Gott sei Dank ass eng léif Ersatzmama do, bei där si sech mat gudder Mëllech stärken kënnen. D’Schnuffi huet di Kléng akzeptéiert a léisst se bei sech nuckelen.

Beim Tigerchen gouf eng Bësswonn festgestallt. Deen Kléngen hat wahnsinneg vill Eeter dran an krut 2 Agraffen gesaat well d’Lach ziemlech grouss war. D’Vétérinärin soot datt en daat schon mi lang hat an eng grouss Chance huet, dass keng Méck hir Eeër dran geluecht huet. Hien huet missen Antibiotika kréien.

Update: De Lucky ass reservéiert zesummen mat der wäiss-groer Maus

D’Grimmel (alias Ellie) an den Oscar (alias Kasimir) sinn och reservéiert.

LUCKY

D’ Butzen ginn mam Biberon beigefiddert.

Fotoen

Add Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *